Eis Geschicht

Den SL, SWIMMING LUXEMBOURG, a.s.b.l., association sans but lucratif, gouf 1993 gegrënnt no der Fusioun vun zwou Associatiounen: SWIMMING CLUB LUXEMBOURG, eng Société Grand-Ducale gegrënnt am Joer 1919, an LN, LUXEMBOURG NATATION, eng Associatioun gegrënnt am Joer 1979.

De Sëtz vum SL ass zu Lëtzebuerg.

D’Zil vun dem SL ass et, all Aktivitéit direkt oder indirekt am Zesummenhang mam Schwammsport duerchzeféieren, dëst am Aklang mat de Reglementatioune vun der FÉDÉRATION INTERNATIONALE DE NATATION (FINA), souwäit dës uwendbar sinn.

Den SL setzt sech dofir an, frëndschaftlech Relatiounen tëscht senge Memberen ze schafen an ze erhalen, de Fair Play am Sport ze verdeedegen an ze fërderen, d’sportlech Interesse vu senge Memberen ze vertrieden, an dës Interesse virun de zoustännegen Autoritéiten ze verdeedegen.

Den 28. November 1949 huet Son Altesse Royale Madame la Grand-Duchesse dem Swimming Luxembourg erlaabt, den Titel vun der Société Grand-Ducale ze droen.