Ënnerwaasser-Rugby

Saison 2025/2026

Ënnerwaasser-Rugby (UWR) ass en ëmmer méi populäre Kontaktsport. Gespillt gëtt ënner der Waasseroberfläch op enger Déift vun 3,5 m bis 5 m. D’Zil ass et, de Ball an de géigneresche Kuerf ze leeën. En Match besteet aus zwou Perioden vu 15 Minutten mat enger Paus vu 5 Minutten.

De Ball ass méi schwéier wéi d’Waasser. D’Spiller sinn mat enger Mask, engem Schnorchels, Flossen an enger Kap (Water-Polo Stil) equipéiert, a droe faarweg Schwammkleeder fir déi zwou Équipen ze ënnerscheeden.

D’Spillfeld ass eng Schwämm vun 12 m bis 18 m laang an 8 m bis 12 m breet, mat enger Déift vun 3,5 m bis 5 m. Eng komplett Équipe besteet aus 6 Spiller am Waasser a 6 Ersatzspiller. D’Équipë si meeschtens gemëscht, an de Sport ass fir all Alter gëeegent.

Trainingsplang

Erwuessener

Méindeg  20:15 – 21:30

Schwämm  Cents

Jugend

Mëttwoch  19:00 – 20:00

Schwämm  Bouneweg

Erwuessener

Mëttwoch  19:45 – 21:30

Schwämm  Bouneweg


Trainer Erwuessener

Ulf, David, Pit

Trainer Jugend

Anna, Pit, Ulf, Carissia

Underwater rugby
Underwater rugby

Tariffer — Saison

15 €
Memberschaft
350 €
Coursen
22 €
Lizenz (Assurance)

Responsabelen: Gilles Grün
(+352) 22 85 28 · Méi–Fré 9:00–12:00
mail@swimming.lu